Beierfest.lu
Entente Hëpperdang

Am Joër 1988 guff d´Entente Hëpperdang van der Jeunesse, der Musik an dem FC Blo-Giel Hëpperdang gegrënnt. Zum engen wor d´Ziel, griisser Manifestatiounen ze organiséiren, déi fir een Veräin alleng net ze realiséiren gewiest wirren. Zum aneren woor et d´Miglichkeet, Ideen tëeschtent Jung an Aal auszetauschen an dodurich o an deenen eenzelen Veräiner eng nei Dynamik auszeliisen.
1989 guff datt ischt Beierfest organiséiert. Datt aus dem klengen Zeltfest su een Traditiouns-Event giff entstoen, haat sich deemools wirklich keen erwaart.
Niewent dem Beierfest, haat d´Entente an hirrer Geschicht äwer o na eng Rei aner onvergeesslich Eventer ze verzeechnen. Su wooren datt am Enn van den 90´er Joëren zwee irisch Owender matt sensationellen irischen Live-Bands, an net ze vergeessen den Auto Rallyesprint Memorial Ben Kieffer deen d´Entente Hëpperdang van 1992 bis 1997 zesaamen mam Motor Action Club Lëetzeburig organiséiert hann.
Wi am Joër 2002 den FC Blo-Giel Hëpperdang mat dem FC Wäisswampisch zum FF Norden 02 fusionéiert haat, an dodurich leider aus Statutengrënn an eiser Entente net mi konnt matwiriken, guff beschloss den Gesank, d´Frauen a Mammen an de Keileklub mat an d´Entente ze integréiren.
Hokt besteht d´Entente Hëpperdang aus Ronn 120 memberen. Niewent dem Beierfest, datt all Joër den 3ten Weekend am Juli stattfennt, organiséiert d´Entente o all Joër d´Kirmes zu Hëpperdang matt engem flotten Kirmesbal.