Jeunesse Hëpperdang

Als een van den Grennungsmemberen van der Entente Hëpperdang, wellen mir
den 20ten Gebuertsdaag vam Beierfest notzen, vir eisen Veräin firzestellen. Et
woor em 1915, wi deen junken an dynamischen Paschtuer van der Poor
Hëpperdang, de Michel Steffen, beschloss hat, sech em d'Jugend van eisem
Dierefchen ze bekemmeren: den Jünglingsverein woor gebuarren. Deemools na
streng van den Meedercher getrennt, wooren d'Aktiviteiten van dem junken
Verein griisstendeels op Theaterspillen an Sangen begrenzt. D'Theaterowender,
dei emmer em Pingsten an der aaler Duarrefschull statt fonnt hann, wooren fir
dei Hepperdanger Legt eng gelungen Aafwieselung van hirem schwieren Alldaag
an wooren doweinst o emmer goud besoucht. Am Loof van den Joeren hann di
Hëpperdanger Mädercher sech o zu engem Verein zesaamen geschloss, den
"Jung Mäderchenveräin", deen, genau su wi bei den Jungen o, sech
griisstendeels op Gesang an Theater konzentreiert hatt. Geint Enn vam 2ten
Weltkreich guff aus patriotischen Grenn de Jünglingsverein an " d'Jung-Baueren"
embenannt.

jeunesse

Ronn 20 Joer mi speit ass aus deenen 2 Veräiner 1 enstannen: d'Jeunesse
Hëpperdang-Grandsen-Kiisfurt. Durich den Zesaamenschloss hann sech o
d'lnteressen van dem jungen Veräin verännert: niewent dem Theater guffen
enner annerem Baaler organiseiert, zesaamen Raus gangen, Vakanzen an o eng
oder di anner Dommheet gemaat. No Joeren wu d'Mitgliederzahl bestännig rop
an raaf gangen as, ziellt eisen Veräin, deen mettlerweil just na "Jeunesse
Hëpperdang" heescht, ronn 45 Memberen. Zu eisen Manifestationen gehieren o
hokt na emmer den Theater, d'Burrigbrennen, d'Spill ouni Grenzen op
Pingstmondig, Halloweenbaal a seit 1989 d'Beierfest. Ausserdem begleeden
mer all Joer den Kleeschen durich d'Duarref an riichten fir Chrestdaag
d'Kreppchen an der Kirrich op. Een wichtigen Punkt an eiser Veräinsgeschicht
ass secherlich o d'Joer 2007, wu mir op den Daachverbandsspiller zu Cliärref
als besten Jugendveräin landesweit geeiert guffen. Bleiwt zum Schluss na ze
soon datt d'Jeunesse seit Joeren een Treffpunkt vir dei junk Lekt aus
Hëpperdang, Grandsen, Kiisfurt an Ischpelt darstellt an datt si o wegderhenn als
een wichtigen Bestanddeel van der Hëpperdanger Geschicht a Kultur bestoon
bleiwt.